• Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us
150
  • Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us

The Di Maggio Family

May 23, 2017
by admin

Rattrapage ….

Nom extreme kuerzen éischten Meeting haate mer haut onsen 1,5. Meeting mam Ellie. Dess Kéier ganz “private” an engem klengen Zëmmer. “One Hour” huet et geheescht, …. jojo, no 2 Stonnen hun mir missen apaaken well den Jayden färdeg wor … 🙂

D’Ellie wor vill méi op, d’Mama huet se duerfen am Raum ophallen 😉 Nee quatsch d’Mama huet haut duerfen mat him spillen. Mat den Jungs klappt daat richteg gut. Den Papa as esou doteschent. Et huet haut vill gelaacht (iwert ons Domheeten) an gebabbelt huet et nawell och. Et wor begeeschtert wou den Jayden gesongen huet. D’Mama kruut en PLUS Punkt wou se den Jayden an den Kanguru geholl huet. Daat huet een am Blëck gesin, dass hat sech doriwwer gefreet huet. Fir äddi ze soen duerfte mer alleguer en Kussi gin, soguer d’Mama ……. vun hannen 😉

Zur Feier dess Tages sin mer dun Koreaneschen BBQ iessen gaangen. Den Jayden huet mat nana ugefaangen mee wou hien bis d’Flesch gericht huet ( daat läscht Steck waat iwreg blouf) huet hien gesoot: Ohhh nam nam, ech well och bronge Poulet. BBQ round 2 …… en Stëck fir ons as net méi iwreg bliwen 🙁







Category: Family
May 22, 2017
by admin

Eischte Meeting bei Holt

Haut wore mir op eisen éischten offiziellen Meeting mam Ellie. Jidereen wor do, … just d’Ellie net 🙁 Seng Fostermamm haat sech an der Zait geiiert an as ereicht um 11:00 komm. Am Kloertext woren vun onsen 90 Minuten der schon 60 fort. Dowengst duerfe mer et awer muer nach eemol extra gesin, gut daat mer neischt geplangt haaten (fannen keen Smiley fir Sarkasmus).

D’Ellie huet sech zereckgehaalen, d’Jungs hun zwar quasi dierfen mat him maachen, waat se wollten, fir ons wor daat awer en beschen méi restriktive. Wann d’Mama gekuckt huet, huet d’Missi gekrasch. No 30 Minuten konnte mer awer dun och Aizi maachen, an den Papa dueft et awer och op den Arm huelen … tic tac tic tac …. wähhhhhhhhhhhhhäääääää an dunn huet hat leider erem missen goen.

Duerno wore mer op eng Spillplaaz wou mer vill woren wéi mer fir den Jayden hei woren. Den Jasper huet sech direkt wéi doheem gefillt.

 










Category: Family
May 21, 2017
by admin

Baedagol

Haut wore mer mam Jayden senger foster Famill an den Baedagol Park. Un sech wor et méi en Umma Dag 😉

Den Park wor wierklech schéin, en Paradis fir Kanner. Den Jasper an den Jayden hun sech herrlech ameséiert. D’Umma haat den halwen Frigo matbruecht, an mir haate gesoot kruut mir sollen Brunchen goen fierdrun well et am Park neischt ze iessen get …. nuje 😀

Duerno sin mer an en Korean Fusion restaurant invitéiert gin. Ganz speziell, vill an schnell as et do zougaangen. Mee d’Iessen wor gut. Den Jayden as do och ageschloof, dovunner huet d’Umma profitéiert fir en op den Arm ze huelen. Wou en wakrech gin as, wor et awer schnell : Mamaaaaaa 🙂

Muer hu mer den éischten offiziellen Meeting mam Ellie. Elo heescht et raschten.









Category: Family
May 20, 2017
by admin

Jayden’s step back in time …

Haut wore mer ausserhalb vum Zentrum vun Seoul beim Jayden senger Fosterfamill agelueden fir ze iessen an fir Dumplings ze léiren maachen. Den Jayden wor richteg frou, et wor fir hien wéi wann en bei d’Boma/Tata gaangen wir. Allerdengs si mer iwerfiddert gin 😀

Mir sin härtzlech empfaangen gin (mat enger klenger Iwerraschung), hei e puer Impressiounen :









Category: Family
May 19, 2017
by admin

E Verspriechen & Namdaemun

Premiere bei ons am Stoot, den Jasper huet bis ca 10:00 geschloof. Kéint och um Jetlag leien, mee mir soen mol nee 😉 Dongdaemun muss fir Kanner erschloend sin, esou vill Spillsaachen op engem Meter-Caré as onvierstellbar, mee hei geet daat, Den Jayden wor un sech just fir d’Ellie akaafen: Petzi, Luuchten an rosa Autoen. Beim Jasper wor et dann méi klassech, vum Transformer bis zur Spillpistoul. Wann et him no géing goen dann hätte mer 3 Valisen voll mat Spillsaachen. Merci Boma an Mimi, ärt Täschegeld as drop gaangen 😉

Dun si mer iwert den Cheonggyecheon eppes iessen gaange fir uschléissend op Namdaemun ze düsen. Daat as den Dongdaemun fir d’Mamaen: Kleeder, Schung, Poschen esou weit wéi d’Aan kucke kennen. D’Mama konnt awer just en puer Stremp kaafen, bei den Jungs wor keng Gedold méi opzedreiwen. Duerno woren mer an d’Schwämm an dunn nach traditionell iessen. Dag 2 complete, Di Maggio’s out 😀

 


Insadog
Resto

Namdaemun

Category: Family
May 18, 2017
by admin

Rees op Seoul

Den 17 Mee um 10:30 huet d’Rees ugefaangen, den 18 Mee um 16:00 sin mer am Hotel Orakai zu Insadong ukomm. Den Jayden huet den éischten Flug komplett verschloof an während dem 2. huet en 8 Stonnen geschloof 😀 Irgendwei sin seng Aan opgaangen wou et Frühstück gin as.

Um Fluchhafen huet mol nees keen op ons gewaart, zumindest net beim onsem Gate. Den  Mann stoung en Gate niewendrun op Di Maggio’s ze waarden, 50 meter méi wéit. Gott sein Dank hun mer dun via Lëtzebuerg eng Kontaktnummer kruut. Merci Lili 🙂

Et as elo 20:14, mir hun tapfer gekämpft mee laang packe mer et net méi 😉

Muer steet Dondaemun um Programm, dann freen sech d’Kanner an …

 

 

Category: Family
February 19, 2017
by admin

Holland Februar 2017






Category: Family, Jasper, Jayden
February 14, 2017
by admin

den Jay liiiiiebt seng Joffer

iwer alles 🙂


Category: Family
December 30, 2016
by admin

photoshoot 2016










 

 

 

 

Category: Family, Jasper, Jayden
July 18, 2016
by admin

Kanddaf 17. Juli 2016

Den Jayden wor deen Dag esou mitt, hien wir ons baal an der Mass ageschloof 😉

mee beim Dessert wor hien baal nees fitt 🙂

Category: Family, Jayden
Newer Posts
Older Posts
About Us
Read More

Categories

  • Ellie Rey
  • Family
  • Jasper
  • Jayden
  • Trips

Latest Posts

Breskens 2018
July 23, 2018
An wann een geduecht huet et kéint net méi reenen, dann huet een sech geiert ..
April 12, 2018
Reen, … Reen , …. an nach emmer Reen …
April 11, 2018
Plascassier 2018
April 9, 2018
Dag #1 ….
July 28, 2017

Latest Comments

No comments.

Archives

  • July 2018
  • April 2018
  • July 2017
  • May 2017
  • February 2017
  • December 2016
  • July 2016
  • March 2016
  • December 2015
  • September 2015
  • August 2015
  • July 2015
  • May 2015
© 2015 The Di Maggio's
Back to Top