• Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us
150
  • Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us

The Di Maggio Family

July 10, 2015
by admin

Den nächsten Dag zu Seoul …




Wou den Jasper (HW = Human Wecker) ons waakrech gemeet huet, wor et schon 10:13 den Mueren …….. d’Frühstück wor dunn schon mol gelaaf, mee wéi et op der Foto ze gesin ass, hun ons Paschaen hir Mëllech am Bett genoos 🙂

Haut wore mer op Dongdaemun an d’Spillstrooss. Et wor richteg, richteg warm haut, waat d’Saach fir den Jasper an den Jayden nët méi einfach gemeet huet…guer net vun der Paackieselen ze schwätzen 😉 . Mee se woren am “Kanguru” an hun et do awer relax genoss, duerch Seoul kutschéiert ze gin.

Den Jayden huet en MEGA Appetit 🙂 an esst alles waat op den Teller kennt … oder éischter waat tëschend den Stäbecher hängt. Hien wir och ouni Probleem den Owend ageschloof, wir net den Jasper mat sengem neien Auto (den Jayden liebäugelt schon de ganze Mëtteg mat der “verbotenen Frucht” 🙂 erangelaaf komm, …… 2 .Krise dëss Kéier awer just 30 Minuten … 😉

Category: Jayden
July 9, 2015
by admin

Onsen éischten Dag zu 4 ….




No enger stressecher Nuecht duerch Jetlag and “Jayleg” (Et schléift een nun eemol nët esou gut mat engem mini Fous am Mond) hun mer awer e schéinen Dag verbruecht an kruuten ons 2 Bouwen um 20:00 an d’Bett. Mir woren an den Pororo-Park, an d’Schwemm an dunn nach an d’Bidden. Duerno hun d’Jungs gestreikt …… :)…si woren detsch 😉

Den Jayden huet haut vill gelaacht, …. och en bessi gekrasch/gegranst, wann een emol NEE gesoot huet … 😉

Den Jasper as super, ….. hien as esou léif mat him an esou verstänneg mat ons. Um 18:00 koum en bei ons an huet gefroot fir an onsem Zëmmer Fernseh ze kucken, en hätt lo gären en bessi seng Rouh … 😉

Category: Jayden
July 8, 2015
by admin

Custody day 08. 07. 2015




Mir haaten um 10 Auer Rendez-vous bei Holt fir den Jayden ofzehuelen. Nodeems hien sein läschten Check vum Dokter gemeet kruut, an mir traureg der Fosterfamill Äddi gesoot hun, si mer dunn mam Auto an den Hotel gefouert gin. Hien huet e bessi am Lift gekrasch an nach fir an den Auto, …me dunn as hien fest ageschloof .  Am Hotel huet hien dunn mam Jasper gespillt, wéi wann si daat schon ëmmer esou gemeet hätten. Während deem hun mir d’Iessen virbereed. Nom Mettegiessen hun mer dunn eng Mettesrascht gehaalen, baal 3 Stonnen 🙂 . Géint der 18 Auer si mir bessi raus an d’Strooss dappe gaangen an hun traditionell am Star Bucks stallgehaal :). Um 19 Auer wore mir bei Frënn, déi och réischt just Apoptivelteren gi sin, e Stëck Gebuertsdaagskuch giess…an dunn zu Owend 😉 Den Jayden wor schnell ageschloof…mee ass dun no knapp 20 Minuten am Kraischen waakresch gin an huet sengem ganze Frust an senger immenzer Trauer mol et gutt laafe geloos an alles erausgejaut a gebiirelt…arme Männchen ass dunn erschöpft no enger Stonn beim Papa um Arm ageschloof. lo si mir op d’Nuecht gespaant 😉 an hoffen hien schléift awer nach gut genuch, fir muer mat sengem grousse Brudder reiberen ze kënnen 🙂

 

Category: Jayden
July 7, 2015
by admin

Seoul take 2



Den 6.7 si mir dunn nees ons Rees gestart, fir den 7.7 an der Mëttesstonn zu Seoul unzekommen. 🙂 Den Jasper wor super brav, bis dass mir nees op  der aanerer Sait vun der Welt woren…hei muss d “Klima”  wuel aanescht sin, well dunn wor bei him nees bis eng kleng Sëcherung duerchgebrannt 🙂 a mat onsen Nerven déi un akutem Schloofmangel gelidden hun, wor daat dunn keng esou gut “éischt Minute” hei zu Seoul gin 🙂 mee lo géint der Owend si mir awer nees all léif mateneen 😉

Category: Jasper, Jayden, Trips
May 31, 2015
by Tania

Bis ganz geschwënn Seoul …..




 

Haut wor onsen leschten Dag hei zu Seoul …. 🙂

Mir sin den Dag relax ugaangen mat Valise paacken an duerno hu mer ons op den Wee gemeet fir nach e puer Saachen ze kaafen. Den Jasper huet och haut emol eppes aanescht ewéi Nuddelen an Reis gies ….. en Sandwich 🙂

Duerch Zoufall hu mer den Gwangjang Market fonnt, deen gut verstoppt as an nët vun villen Touristen besicht.
Kleeder, Miwwelen an Iessen. Et wor emol eppes ganz aanescht. Mir hun och en Kichelchen ze schmaachen kruut, deen EXTREM lecker wor, mir hun den Numm awer nët verstaanen ….. 🙁

Elo si mer all ferdeg an prett fir an d’Nana, muer musse mer um 05:15 opstoen.

Hoffendlech si mir séier nees hei zu Seoul 🙂

Category: Family
May 30, 2015
by Tania

Relaxing ……. with “Burgers” … :)



Haut hu mer den Dag mat Frënn aus Lëtzebuerg verbruecht, déi en Méindeg duerfen hiere klenge Jong bei Holt ofhuelen. 🙂

D’Uspaanung vun den läschten Deeg huet och haut mol lues an lues nogeloos. Mir sin awer elo frou, fir geschwënn heem ze fléihen.

Zu den Biller, …. op der éischter kontrolléiert den Jasper d’Otemschutzgeräter am Metro.

Déi läscht Foto as fir den Pappi, … jo et sin frittéiert Calamaren. Et woren zwar dem Papa seng, mee den Jasper huet d’Halschend eweggebotzt ….. 🙂 …mol eppes aaneschtes ewéi Reis an Nuddelen, waat hien hei mol schmaache wollt !

Category: Family
May 29, 2015
by Tania

Court Date



 

Haut sin mer um 09:00 beim Guest House oofgeholl gin fir op d’Geriicht. Mir sollten um 10:00 rendez-vous hun, mee mir sin eréischt um 11:40 dru komm ….. 🙁

Den Jasper wor super gedëlleg bis 11:42 ….. virum Riichter huet hien dunn gekrasch wëll hien mitt an hongereg wor. Den “Interview” as awer ganz gut gaangen, de Riichter wor ganz verstänneg an huet gesoot en géing esou gesing daat den Jasper un ons hängt an daat mir och an Stresssituatiounen gut mam Kand eens gin. Hahaa!..

Déi 10 Minuten woren un sech ganz relax fir den Tom 🙂 an schnell eriwer. De Riichter huet zu Schluss nach gesoot, datt den Jayden vill Chance hätt bei ons ze kommen an daat hien geschwënn bei ons wir…. 🙂

Category: Family
May 28, 2015
by Tania

Pororo Park





Nodeems mer eng nei Valise kaafen gaangen sin, fir all déi Kadoen vun der Mrs Jo :)… si mer dunn an den Pororo Park gedüst. Dem Jasper séin Gesiichtsausdrock wou mer eran komm sin, wor onbeschreiflech …. 🙂 (leider wor ech nët schnell genuch fir eng Foto ze maachen)

Den Park as richteg schéin, super ugeluecht fir d’Kanner … am Jasper sengem Alter… an gut iwersiichtlech.

Duerno wore mer Sushi iessen, wou mer kee Wuert verstaanen hun ……. keng Biller um Menü … an irgendwéi huet Google Translate ëppes nët richteg iwersaat, well mir kruuten en beschen vill …… um Bild feelen riets nach 3 Telleren an wou mer färdeg woren, stoung den Chef mam zweeten Plateau hanner éis…. leider hu mir him dunn gewisen, dass mir awer lo genuch hätten 🙂

Category: Family
May 27, 2015
by Tania

Video Meeting #2

Video vun onsem 2ten Meeting mam Jayden.

Category: Family
May 27, 2015
by Tania

D’Fotoen vum Holt Fotograaf (1ten Meeting)







 

Hei sin d’Biller déi den offiziellen Holt Fotograf um éischten Meeting gemeet haat.

Category: Family
Newer Posts
Older Posts
About Us
Read More

Categories

  • Ellie Rey
  • Family
  • Jasper
  • Jayden
  • Trips

Latest Posts

Breskens 2018
July 23, 2018
An wann een geduecht huet et kéint net méi reenen, dann huet een sech geiert ..
April 12, 2018
Reen, … Reen , …. an nach emmer Reen …
April 11, 2018
Plascassier 2018
April 9, 2018
Dag #1 ….
July 28, 2017

Latest Comments

No comments.

Archives

  • July 2018
  • April 2018
  • July 2017
  • May 2017
  • February 2017
  • December 2016
  • July 2016
  • March 2016
  • December 2015
  • September 2015
  • August 2015
  • July 2015
  • May 2015
© 2015 The Di Maggio's
Back to Top