• Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us
150
  • Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us

The Di Maggio Family

May 19, 2015
by Tania

Saynoara Tokyo …. Konnichiwa Kyoto



Den Muere hun mer ons prett gemeet, fir Tokyo a Richtung Kyoto ze verloossen. Mir woren schon erstaunt daat mer baal 500km an 2 Stonnen géingen maachen. Wou den Nozomi dunn déi éischt 20 Minuten quasi nëmmen Stops gemeet huet, hun mer et net méi gegleewt. Mir woren awer dunn pünktlech zu Kyoto ukomm …..





Kyoto as ganz aanescht ewéi Tokyo, vill méi heemlech an kulturell. Et as eigentlech méi wéi een sech Japan virstellt. D’Iessen as och nëmmen e Brochdeel esou deier ewéi zu Tokyo 😉

Category: Family
May 18, 2015
by Tania

Eisen éischten ganzen Dag zu Tokyo (merci Wecker) …

FullSizeRender 5
Nodeems mer haut awer vierun 12:00 aus den Fiederen komm sin hu mer éis op den Wée geméet fir eppes kulturelles ze maachen. Mir wollten an den Musée vun den Pompjéeen goen, … no 4 mol emstéigen an 2 mol falsch erausklammen hu mer opgin an den Taxi geholl fir 7€ (eemol rondrem den Block) an siehe da den Musée….. Jojo d’Adressen sin net ganz einfach ze liesen hei !
Voller Eifer hu mer dunn festgestallt daat Méindes zou wir. Gott sei Dank sin d’Pompjéeen op der ganzer Welt fein, se hun ons am Bau niewendrun ganz léif empfaangen an dem Jasper all Won gewisen.
FullSizeRender11111
FullSizeRender 19
No engem klengen Imbiss wou mer net wessen waat mer gies hun (jo d’Menue sin meeschtens just op Japanesch) si mer op den weltbekannten Shibuya Crossing gaangen wou effektive jidereen an all Richtung iwert d’Kreizung geet (wann et Greng ass) …. impressionant.
FullSizeRender999
FullSizeRender 2
En “klengen” Stopp am Kiddyland mat 5 Stäck Spillsaachen huet kleng an grouss erstaunt.
FullSizeRender 6
Mir hun den Dag mat engem typeschen Japaneschen iessen zu Enn bruecht. Et ass déi éischte Kéier wou d’Scampi daat wor waat dem Tom um mannsten um Teller geschmacht huet …. !
FullSizeRender 8
FullSizeRender 17
Muer flitze mer dann op Kyoto mam Shinkansen … 2 Stonnen fir 456km !!! Ouille ouille ….
Category: Family
May 17, 2015
by Tania

​Houskeeping ….. Tokyo: take two​ …..







Laut Programm sollte mer géint 08:00 opstoen well mer jo schliesslech vill kucke wollten. Wou den “Housekeeping” ons dun um 12:00 wakrech gemeet huet hun mir den Dag mam Mettegiessen ugefaangen an net mam Frühstück … den Jasper huet daat op alle Fall net gestéiert 🙂
Duerno sin mer op Asakusa mam Metro gefuer an hun do dem Sanja Matsuri Festival nogekuckt. Do sin mer dann och als “Ronn Aan” interviewed gin. Den Jasper wor en beschen skeptesch an op d’Fro waat mech bis elo um meeschten iwerrascht huet, hun ech soss neischt fonnt ze soen wei ……….. euhhhh d’Toiletten ….. ech huelen mol den Jetlag als Excuse 😉
Weider geet ons Rees an den Ueno Parc wou natierlech all Attractioun (ausser dem Starbucks) um 17:00 zou mescht. Daat wor awer net schlemm, mir hun eng kleng Spillplaatz fonnt wou den Jasper sech herrlech ameséiert huet. An d’Taatsaach daat hien wéi bei ons den eenzegen klengen Asiat op der Spillplaatz as, huet net méi gehollef fir hien direkt ze fannen. Den Jasper huet sech just gewonnert daat do keen Lëtzebuergesch versteet.
Ah jo, … onendbierlech Traditioun an grousse Stied –> Hard Rock Café an déi éischt Nudelen fir onsen Jong.
Category: Family
May 16, 2015
by Tania

Den éischten Dag zu Tokyo

C85O1023 FullSizeRender 7 FullSizeRender 51

 

No 26 Stonnen reesen si mer um 11:00 am Hotel ukomm. Den Jasper wor liicht mitt 🙂

Wou en d’Toilette PS Konsole gesin huet as et direkt besser gaangen. Mir hun eng kleng Raschti gehaalen an dun si mer mol rondrem den Hotel luussen gaangen. Mir hun eng Creperie fonnt, …. Uebst …. an dunn an d’Nana.

Category: Family
May 16, 2015
by Tania

The Trip ……. bei den Jayden via Japan …. :)



Den Fluch as ganz gut verlaaf. Onsen Jasper wollt zwar net schloofen, mee wou en bis wosst daat eng “Pause” Funktioun um Fernseh wor, huet hien dunn endlech agehaangen.

Category: Family
Newer Posts
About Us
Read More

Categories

  • Ellie Rey
  • Family
  • Jasper
  • Jayden
  • Trips

Latest Posts

Breskens 2018
July 23, 2018
An wann een geduecht huet et kéint net méi reenen, dann huet een sech geiert ..
April 12, 2018
Reen, … Reen , …. an nach emmer Reen …
April 11, 2018
Plascassier 2018
April 9, 2018
Dag #1 ….
July 28, 2017

Latest Comments

No comments.

Archives

  • July 2018
  • April 2018
  • July 2017
  • May 2017
  • February 2017
  • December 2016
  • July 2016
  • March 2016
  • December 2015
  • September 2015
  • August 2015
  • July 2015
  • May 2015
© 2015 The Di Maggio's
Back to Top